The beauty of social media is that even after 13 years, I am still able to find people who played a huge game changing role in my life’s turbulent path.
Virun 13 Joer war ech um Commissariat zu Péiteng, um déifste Punkt vun enger 16 Jähreger Emprise déi een sech guer net virstellen kann och wann een et mat allem wat een huet versicht.
Ech hat déi grouss Chance datt ech deen Dag op e Polizist gefall sin deen op sexuelle Mëssbrauch sensibiliséiert war, deen mir gesot huet: ‘Ech sin kee Bäcker an kann daat Ganzt net ignoréieren’
…deen mech net ouni de Kontakt vun der PJ goen gelooss huet an den Effort gemach huet fir datt d’Enquête direkt lancéiert gëtt.
Léiwe Patrick, du hues mir indirekt d’Liewen gerett an dofir sin ech dir fir emmer dankbar!
D’Sensibiliséirung vun der Gesellschaft, Léierpersonal, Kanner, Elteren, Polizisten, Riichter, Tata, Monni, Boma, Bopa, all Mensch deen iergendwéi mat Kanner a Kontakt ass (=everyone!) ass primordial an daat chronesch an net nëmmen am Kader vun punktuell Campagnen!