D’WORT huet mech am Dezember agelueden fir e Video Interview ze machen. Daat war 5 Deeg nom RTL KLOERTEXT. Et kascht mech emmer rem immens vill Courage fir mech frieme Leit géigeniwer ze öffnen, zumols well et em d’Intimitéit geet déi jorelang mëssbraucht gouf.

Ausserdem hun ech eng hefteg Kriibsbehandlung hannert mir wat mech rem physesch Kraaft kascht fir sou emotionell Interviews ze gin.

Déi eenzeg Motivatioun déi ech nach hun fir sou ëffentlech doriwer ze schwätzen ass d’Hoffnung datt ech deen een oder deen aneren ereechen kann deem meng Wieder vill bedeiten…. ….deem ech nach d’Hoffnung kann gin datt een trotz deem Schicksal iergendwann rem Liewensfreed kann hun.

De Retour deen ech no all Interview / Artikel vun friem Leit kréien bestätegt mir datt ech genau déi Leit ereechen fir déi ech daat alles machen, ob weiblech, männlech, jonk oder aal.

D’WORT huet lo décidéiert mäin Interview net ze veröffentlechen mat der Begrënnung datt sie am Summer schon iwert mäi ‘Buch’ bericht hun. Huet d’WORT réicht elo am Abrëll gemierkt datt sie schon en Interview mat mir am Summer haten? Firwat mech dann am Dezember op den Howald invitéieren?

Et ass nie em e Buch gaang, mee em eng grouss Tabu Problematik an eiser Gesellschaft déi lo lang genuch ignoréiert gouf an ech den Drang hun, grad nom Kriibs haart doriwer ze schwätzen. Wéi een sech daat virstellen kann, fillen ech mech vum WORT ausgenotzt an fannen et äusserst onprofesionell wat do ofgelaf ass.

Ech veröffentlechen den Interview ouni hiren Accord an assuméieren d’Verantwortung dofir. Wann meng Wieder engem d’Hoffnung gin datt et trotz absoluter Hölle een nees frou am Liewen kann sin dann ass et mir derwert. Full Credit fir den Interview: Sibila Lind Christophe Olinger Tammy Schmit